We will be phasing out support for your browser soon. EducDesign recommends you to upgrade to the newest version of one of these browsers in order to take full advantage of this site.
PISA huet gewisen, wéi wichteg et ass, datt Schüler geléiert gin, sech selwer an Léierstoff eran ze schaffen, een Thema ze recherchéieren an autonom obzebereeden. Domat gi Schlësselkompetenzen entwéckelt, déi spéider am Berufsliewen an och soss an der Gesellschaft gebraucht gin. Eisen Zougang zum Wëssen geschitt zu groussen Deeler nach ëmmer iwwert de Wee vum Liesen. Der Förderung vun dëser Kompetenz fällt also eng grouss Bedeitung zou. Fir dat ze erreechen, as eng Bibliothéik duerch näischt ze ersetzen. Sie huet als Ressourcenzentrum bei all dëse Léierprozesser eng erausragend Funktioun.
Schoulbibliothéiken
Hei ass d'Lëscht matt alle Schoulbibliothéiken, déi sech am Moment op www.biblio.lu présentéieren (hei kann een sech umellen fir Member ze ginn). Click op de Numm vun der Schoul fir weider Informatiounen an Öffnungszäiten ze gesinn oder an der Bibliothéik ze sichen!
Now displaying 20 of 49 items on page 1 of 3 ( first | previous | next | last )
Modern Schoulbibliothéiken mat OLEFA
Eng modern Schoulbibliothéik brauch performant Tools fir d'Gestioun an d'Ausléine vun de Bicher déi aktuell Standards wéi ISBN, ISSN an EAN a Barcodes ënnerstëtzen, eng Inventar- a Benotzerverwaltung wéi och detailléiert Statistike bidd. Doriwwer eraus muss eng modern Solutioun netzwierkfäheg sinn, Bicher musse kënnen attraktiv um Internet présentéiert ginn an et muss ee kënnen online an der Bibliothéik sichen. Alles dat bidd OLEFA, eng Software déi gehollef huet déi modernste Schoulbibliothéiken zu Lëtzebuerg ze realiséieren.